Uespelt ass champion an der 2. Divisioun Série 2 an klëmmt an d'1. Divisioun


22 May 2017

Tjo, wat soll een do nach méi soen? Besser hätt et jo net kënne goen. E grousse Merci un all d'Spiller déi bis zum Schluss gekämpft hunn. Och wéi den Opstig secher war, sinn se konzentréiert an de Match géint den CSO gaange an wannen deen mat 5-1.



E grousse Merci geet och un all d'Supporteren. Et huet een eis wahrscheinlech bis zu Helléng héieren. Et war flott, super, mega! Eng genial Stëmmung wou d'Leit nëmmen Loscht haaten ze feieren.



Lo däerfen mer mol all e bëssi pausen. All? Baal all? Well d'Preparatioun op déi nei Saison ass schonn am gaange!!



An deem Sënn: ALLEZ REDS!!!