TRAINERWIESSEL ZU UESPELT

Sven Loscheider



04 October 2016

Leif Sportsfrënn,



An der leschter Sitzung huet den Uespelter Comité decidéiert net méi mam aktuellen Trainerstaff vun der éischter Equipe weiderzefueren. Domadder wier den Dany Duarte net méi Trainer an den Jona De Almeida net méi Co-Trainer. Leider hunn d'Resultater net dat entsprach wat vum Comité erwaart gouf. Dofir ass et dann och zu dëser Decisioun komm. Ersat ginn se duerch den Sven Loscheider. De Sven war nach bis virun kuerzem am Trainerstaff vun de Junioren zu Diddeleng. Aktuell huet hien d'Uespelter Minimen trainéiert. De Numm vum Co-Trainer gëtt och an den nächsten Deeg bekannt gemach. Mir wënschen dem Sven an sengem Co-Trainer vill Erfolleg zu Uespelt.



Allez Red's