653 View(s)
ESKO TRUBLJANIN NEIEN TRAINER ZU UESPELT

ESKO TRUBLJANIN NEIEN TRAINER ZU UESPELT

Nodeems Uespelt den 29 Mee iwwerraschend keen Trainer méi hat, huet de Comité missen no engem Neien sichen. Et war wichteg schnell ze agéieren an awer och net ze schnell. Positiv war awer d'Reaktioun vun de Spiller déi dem Veräin weider trei bliwwe sinn. An deem Sënn: Merci Jungs!!



Gëschter ass dunn d'Entscheedung gefall. Nodeems de Comité mat vill Kandidaten telefonéiert an sech och getraff hat, ass d'Entscheedung op den ESKO TRUBLJANIN gefall Den Esko huet Fluessweiler, Miersch, Millebaach an Keel-Téiteng trainéiert. Hien kennt schon d'éischt Divisioun an huet et och schon fäerdeg bruecht Equippen an d'Éierepromotioun ze bréngen (och wann dat hei am Moment net den Ziel ass). Den Srecko Pecirep wäert d'Roll vum Adjoint huelen. Den Srecko muss net laang virgestallt ginn. Hien huet nach läscht Joer gespillt, war oft fir de Veräin do, weess wéi Uespelt funktionéiert an krut dofir d'Vertrauen vum Comité. E Goalkeepstrainer ass och schon engagéiert mee op sengem Wonsch gëtt den Numm eréischt an den nächsten Deeg bekannt gemaach.



Mir wënschen dem neien Trainerstaff an de Spiller vill Gléck fir déi nei Saison!!!



ALLEZ REDS!