707 View(s)
STAND VUN DEN TRANSFERT!!

STAND VUN DEN TRANSFERT!!

Gëschter ass déi national Transferszäit op en Enn gang. Hei dann d'Spiller déi nächst Saison fir d'Uespelter Faarwen wäerten spillen:



Ab nächst Joer, kënne mer op 2 Uespelter zielen. An zwar sinn dat den Kartheiser Ken (13/06/1998) an den Soares Christophe (24/01/1996) déi alle béid vun Hesper zeréck op Uespelt kommen.



Vun Mondorf kommen d'Zwillingsbridder Ferreira Da Silva Paulo an Patrick (31/08/1990). Et sinn awer net déi eenzeg Bridder. Och den Demukaj Alban vun Useldéng (15/06/1988) an den Demukaj Léo vun Kayl-Téiteng (28/09/1989) wäerten nächst Joer fir Uespelt spillen.



Vum F91 Dudelange kommen dann den Tiago Moreira (28/08/1997) an den Abrantes Jordan (23/12/1998).



Vun Mamer kennt dann den Batinic Mario (05/08/1989) d'Equipe verstäerken.



E neie Stiermer kennt dann och vun Beetebuerg. An zwar ass dat den Da Quelha Manuel (07/11/1996). Déi wou net méi wëssen wien dat ass, et ass de Stiermer deen Uespelt läscht Saison zu Beetebuerg 2 Goaler geschoss huet. Och läscht Joer zu Beetebuerg an awer e Spiller vun Nidderkuer kennt den Balsas Garry (14/01/1997) nächst Saison op Uespelt.



En offensiven Mëttelfeldspiller kennt dann och vum FF Norden. An zwar ass dat den Mapala Aristode (04/02/1989).



Dann hun nach 2 Spiller fir 1 Joer zu Uespelt verlängert. An zwar ass dat den Claudio (Union Remich/Bous) an de Rodrick (FC Marisca Miersch).



Mir wenschen all de Jongen vill Gléck fir d’Saison 2017/2018!