Kaderplannung vun den Seniors 1 vir Saison 2021/22


14 June 2021

Zu Uespelt ass déi lescht Méint ganz intensiv um Terrain (Merci Gemeng Fréiseng) geschafft gi, an gläichzäiteg och mat onsereen Traineren Marc Chaussy an René Müller un der Kaderplanung vir Saison 2021/22. Ab der neier Saison gëtt den Marc an René ënnerstëtzt vun onsem neien Golkipptrainer, Kris Bianchini.

Insgesamt sinn Kontrakter mat 17 Spiller verlängert gi an des gi duerch ausgewielten Neizougäng verstäerkt. Iwwert déi nächst Wochen wäerten mir Iech onsen Kader virstellen. Et gëtt vill Neies, mee och al bekannten Gesichter wäerten virgestallt gi ...