Transfers-News

Transfers-News

Gëschter ass déi national Transferszäit op en Enn gang. Hei dann d'Spiller déi nächst Saison fir d'Uespelter Faarwen wäerten spillen: 

Mir sin mol frou iech matzedeelen dass 2 Uespelter, an zwar de Pol Hellers (24/06/2000) an de Yann Peters (22/02/2002) de Wee op Uespelt zeréckfonnt hunn. Sie hunn läscht Joer nach zu Weiler gespillt. De Pol an der zweeter Equipe an de Yann an de Cadets.

Vun Sandweiler kënnt den Johan Carlos Sampaio (20/07/1980) d'Equipe verstäerken. Vun Beetebuerg ass et de Vitor Dos Santos (04/02/1983). An vun Mutfert kënnt de Barbosa Joao Paulo (31/10/1990).

Och vun Kayl-Téiteng könne mer ab nächst Saison op de Claudio Delgado (08/09/1986) zielen. Vun der Minière Lasauvage kënnt de Balsas Miguel (10/02/1992)

Vum F91 Dudelange kënnt dann de jonken Skrijelj Alen (08/12/1997) d'Équipe verstärken. 

Schlussendlech konnt Uespelt och d'Kontrakter vum Lobo Bryan (19/07/1995 - FC03 Déifferdeng) an vum Davy Marques (22/12/1990 - SC Beetebuerg) verlängeren. Béid Spiller woren am Wanter schon fir eng hallef Saison op Uespelt komm.

Och ons 2 nei Traineren, de Rui Duarte an de Pedro Rodrigues Pinto, hun op Uespelt gewiesselt

Waat international Transfers ugeet, sin mer nach mat verschidde Kandidater am Gespréich. Am laaf vum Mount Juli wärten mer méi dozou schreiwen 

Mir wenschen all de Jongen vill Gléck fir d’Saison 2018/2019!