De Comité vum FC Red Boys Uespelt ass frou Iech den neien Trainerstaff fir d'Saison 24/25 kenne virzestellen ⚫🔴

23rd May 2024

club logo

Red Boys Aspelt

De Bryan Lobo an de Stephane Gomes wäerten ab der nächster Saison déi eicht Ekipp iwwerhuelen.
E puer Wieder zu deenen neien Traineren:
De Bryan Lobo ass 28 Joer jonk a war nach bis viru kuerzem aktive Fussballspiller. Hien huet am Seniorsberäich souwuel 1.Divisioun matt Uespelt gespillt wei och weider Statiounen ënnert anerem an der Éierepromotioun. Gesondheetlech konnt hien net als Spiller weider maen an huet sech do fir d'Trainerkarriär entscheet. Aus enger Famill wou de Pap genau esou wéi de Monni bekannten Nimm am Lëtzebuerger Fussball droen, huet hien de Comité iwwerzeegt matt senger Visioun fir de Club erëm dohin ze brénge wou hien en deemools verlooss huet. Et ass also och eng Häerzenssaach!
De Co-Trainer Stephane Gomes ass 26 jonk an huet deemools schonn matt 5 Joer mam Fussball ugefaang. Hien huet iwwer déi lescht Joer ganzer 4 Opstig am Seniorsberäich konnte feieren (Éierepromotioun an d'BGL an 1 Divisioun an d'Éierepromotioun). Dobäi huet hien och fir eis Nationalekipp vun U17 bis U21 matgespillt! Och fir hien ass elo de Moment komm sech der Trainerkarriär ze widmen an ass frou zusummen mam Bryan déi Chance bei eis zu Uespelt ze kréien.
Am Numm vum Comité wëllen mir och nach emol betounen dass d'Visioun vun deenen zwee jonken Traineren déi si eis presentéiert hunn, absolut an déi Richtung passt, déi mir och fir de Club wëllen etabléieren.
Mir wënschen hinnen alles Guddes fir déi nei Saison!
De Comité   
#mirsinnuespelt #visioun100joer

image